Oft gestallte Froen (Ausland)

Kann ech an d´Ausland goe fir een IRM well ech do méi séier ee Rendezvous kréien?

Fir eng IRM-Ënnersichung am Ausland ze maachen, braucht Dir elo eng Genehmegung vun der CNS (S2). Dir kënnt dat iwwer de service transfert à l'étranger vun der CNS ufroen, deen Dir iwwer E-Mail ënner tae.cns@secu.lu kontaktéieren kënnt

Mäi Fils / meng Duechter geet an d´Ausland studéieren. Ass hien / hatt dann nach ëmmer krankeverséchert?

Jo, hien/hatt bleift krankeverséchert an d´Dokteschrechnungen asw gi laut dem Tarif rembourséiert deen an deem Land wou d´Kand studéiert gëllen. Mir recommandéieren Iech mat enger auslännescher Krankekeess ze kucken ob Äert Kand kann als Student an der Krankekeess enregistréiert ginn. Deen Moment géif et zu den nämmlechten Tariffer rembourséiert gi wéi Leit déi an deem Land schaffen. Déi Aschreiwung däerf fir Studenten näischt kaschten.

Ech hunn Iech lëtzebuergesch an auslännesch Rechnungen erageschéckt. Bis elo krut ech awer just déi lëtzebuergesch Rechnunge rembourséiert. Wat ass mat de Rechnungen aus dem Ausland?

Déi lëtzebuergesch an déi auslännesch Rechnunge ginn net vum nämmlechte Service rembourséiert. En plus, hëlt den Traitement vun auslännesche Rechnunge méi Zäit an Usproch. Hutt w.e.g. bësse Gedold. 

Kann ech mech och am Ausland operéiere loossen?

Fir datt d´Käschten rembourséiert gi wann Dir Iech am Ausland operéiere loosst, braucht Dir am Virfeld een Accord vun der CNS. Déi Accorde gi vum Service Transfert à l´étranger vun der CNS beaarbecht. Dir kënnt dee Service op dëser E-Mail Adress areechen: tae.cns@secu.lu.

Kann ech och am Ausland bei de Kiné goen?

Wann Dir an der EU, an der Schwäiz oder an engem Land vum europäesche Wirtschaftsraum bei de Kiné gitt, ginn déi Seancen zum lëtzebuergeschen Tarif iwwerholl, virausgesat Dir hutt een Titre de prise à charge vun der CNS.

Kann ech mäi Brëll/meng Kontaktlënsen am Ausland kafen an d´Rechnunge rembourséiert kréien?

Jo, Brëller a Kontaktlënse gi laut de lëtzebuergeschen Tariffer an Tauxen sou wéi se an der Nomenclature vun den Optiker virgesinn si rembourséiert, virausgesat et handelt sech ëm een zougeloossenen Optiker an op der Rechnung stinn all déi néideg Detailer (Dioptrien, Glieser, Zylinder, Prismaen). Bei Brëller fir Kanner ënnert 14 Joer, brauch een eng Ordonnance vum Dokter.

Brëller/Kontaktlënsen déi net an der EU, der Schwäiz oder an engem Land aus dem europäesche Wirtschaftsraum kaf gi sinn, ginn net vun der CMFEP rembourséiert.