Virstellung

Historeschen Hannergrond an organisatioun vun der CMFEP

Historeschen Hannergrond

D’Aféierung vun enger obligatorescher Krankeversécherung fir Staatsbeamten an Employéeën am ëffentlechen Déngscht (CMFEP) geet op d’Joer 1951 zeréck.

Säit dem Enn vum 19. Joerhonnert hunn sech virun allem d’Aarbechter an Hëllefsorganisatiounen zesummegeschloss fir hire Familljen, déi duerch Krankheet oder Aarbechtsaccidenter betraffe waren, sou gutt wéi méiglech finanziell z’indemniséieren. De Gouvernement huet den 31. Juli 1901 ee Gesetz gestëmmt fir d’Aféierung vu Flichtkrankekeesen fir Aarbechter an Employéeën déi iwwert ee klengt Akommes disposéieren. D’Versécherung gouf am Laf vun de Joren an engems obligatoresch fir d’Employeuren, déi sech an engem privaten Aarbechtssituatioun befannen. Zudeem goufen d’Leeschtunge vun der Krankeversécherung och op d’Familljemembere vum Haaptversécherten iwwerdroen.

An der Kreatioun vum Gesetzesprojet vun 1951, deen d’Aféierung vu weidere gesetzleche Krankekeesen ageleet huet, dorënner och d’Krankekeess fir Staatsbeamten an Employéeë vum ëffentlechen Déngscht, gouf ausdrécklech dorop higewisen, datt d’Salariéë, déi schonn no dem Gesetz vun 1901 flichtverséchert waren, dës Versécherung als absolut Noutwendegkeet empfonnt hunn. Ënner anerem gouf d’Flichtversécherung vun de Staatsbeamten an hire Federatioune mat Nodrock gefuerdert, well sech d’medezinesch Versuergung am Laf vum Joerhonnert zwar bedeitend verbessert hat, mee och méi deier ginn ass. De Gouvernement hat d’Ufro vun der allgemenger Federatioun vun de Staatsbeamten an d’Ufro vun der Federatioun vun de kommunale Beamten, fir eng Krankeversécherung fir dës Beruffsgruppen anzeféieren, schliisslech accordéiert. Ausserdeem huet de Legislateur d’Méiglechkeet ginn, am Kader vun de finanziellen Eventualitéite vun de Keesen, d’Familljememberen ouni weider Cotisatioune matzeversécheren.

Hautdesdaags ënnersteet d’Krankekeess fir Staatsbeamten an Employéeën am ëffentlechen Déngscht engem Conseil d’administration, deen sech aus sechs Delegéierter vun de Versécherten, déi vun der Chambre des fonctionnaires et employés publics nominéiert ginn a sechs Delegéierter vun den Employeuren, déi vum Gouvernement nominéiert ginn, zesummesetzt. De President an de Vizepresident ginn ofwiesselend fir een Zäitraum vu fënnef Joer vun den Delegéierte vun de Versécherten an den Delegéierte vum Gouvernement gewielt.

D’Krankekeess ass zoustänneg fir de Remboursementer vun de medezinesche Leeschtungen, déi am Viraus vun de Versécherte bezuelt ginn, ewéi d’Ausbezuele vun den Indemnitéite bei engem Begriefnes. Persounen, déi sech duerch eng Decisioun vun der Verwaltung benodeelegt fillen, kënnen ee Recours beim President vum Conseil d’administration areechen. Dëse Recours gëtt vun de Membere vum Conseil d’administration iwwerpréift, déi de Versécherten och iwwer d’rechtlech Mëttelen opkläert, déi hinnen zur Verfügung stinn.

De Conseil d’administration fungéiert säit Grënnung an der Stad Lëtzebuerg.

Organisatioun

D’CMFEP ass een ëffentlecht Etablissement mat enger ziviller Perséinlechkeet, déi ënnert der Opsiicht vum Minister fir sozial Sécherheet steet a vun der l’Inspection générale de la sécurité sociale (IGSS) ausgefouert gëtt.

D’CMFEP ënnersteet engem Conseil d’administration deen sech folgend zesummesetzt:

  • sechs Delegéierter vun de Versécherten, déi vun de Membere vun der Chambre des fonctionnaires et employés publics gestëmmt ginn.
  • sechs Delegéierter vun den Employeuren, déi vum Gouvernement gestëmmt ginn.

D’Tâchë vum Conseil d’administration sinn am Artikel 49 vum Code de la sécurité sociale festgeluecht. Ënner anerem fält dorënner:

  • de Budget fir d’Käschte vum Conseil opzesetzen
  • d’Reegele fir d’Aarbechtsweis vun der Keess festzeleeën
  • Decisiounen am Eenzelfall am Bezuch op Leeschtunge vun der Krankekeess (mat Ausnam vun Decisiounen, déi sech op Leeschtunge bezéien, déi direkt vun der Gesondheetskeess (CNS) iwwerholl ginn)
  • den Immobiliebestand vun der Keess geréieren
  • Decisiounen iwwer d’Personal vun der CMFEP treffen

 

Déi aktuell Zesummesetzung vum Conseil d’administration:

 

Presidentinin : Danielle Haustgen (Delegéiert vun den Employeuren)

Delegéierter vun den Employeuren

Adjointë vun den Delegéierter vun den Employeuren

Cynthia MONTEIRO

Minh-Xuan NGUYEN

David DEL NIN

Manon THILL

Pierre LAMMAR

Nadine WELTER

Patrick BELLWALD

Anne-Catherine LORRANG

Pierre HOBSCHEIT

Marc VANOLST

 

Net benannt

Delegéierter vun de Versécherten

Adjointë vun den Delegéierter vun de Versécherten

Béliza MENDES

Mona GUIRSCH

Claude STEPHANY, vice-président

Yola HILD

Claude BACHE

André FRIDEN

Steve HEILIGER

Gilbert GOERGEN

Claude GEIMER

Eugène KIRSCH

Jean-Marie Spartz

Romain WOLFF