Zänndéngscht

Allgemeng Anästhesie

Soulaang dës net vum Service de Garde oder vum Noutdéngscht gemaach ginn, oder am Fall vun enger Extraktioun vu méi dräi Zänn, ginn Anästhesie Prozeduren, déi vun engem Spezialist fir Anästhesie a Reanimatioun am Zesummenhang mat der Chirurgie vun den Zännfleeschbéi, der Zännfleesch- an Zännfleeg, souwéi mat Zänn- a chirurgeschen Extraktiounen duerchgefouert ginn, vun der Krankeversécherung mat Virautorisatioun vum Contrôle Medical fir follgend Situatiounen iwwerholl:

  • am Fall vun Intoleranz bei lokaler Anästhesie
  • wann eng direkt Interventioun, wéinst der Presenz vun enger Entzündung, néideg ass an d’lokal Anästhesie d’Péng net erliichtert
  • bei engem Traitement vun den Zänn vu geeschteg oder kierperlech behënnerte Leit, fir déi eng lokal Anästhesie wéinst hirer Behënnerung net méiglech ass
  • wann Dir een agewuesenen Wäisheetszant ewechgeholl kritt an d’lokal Anästhesie, unhand vu Rëntgen als Preuve, d’Péng net erliichtert

Zännprothesen

Fir bestëmmten Traitementer bei Zännprothesen ass eng Autorisatioun vum Contrôle medical néideg. Dës Traitementer, déi mam Akronym ACM (Autorisation du contrôle médical de la sécurité sociale requis) markéiert sinn, kënnen och mat Präisiwwerschëss verbonne sinn a si mam Akronym DSD (dépassement sur devis) markéiert.

Fir dës Moossname rembourséiert ze kréien, musst Dir een Devis vun Ärem Zänndokter virweisen. Dësen Devis muss bei der CMFEP presentéiert ginn a gëtt dann un de Contrôle médical de la sécurité sociale weidergeleed. Soubal den Avis vum Contrôle médical virläit, schéckt d’CMFEP, wann néideg, eng Autorisatioun vum Devis mam Montant, dee rembourséiert gëtt.

Am Fall vun Traitementer, déi mat der Ofkierzung DSD markéiert sinn a Präisiwwerschëss nom Devis erlaaben, därf den Zänndokter de Präis fir dës Traitementer fräi a räsonabel iwwer dee vun der Krankeversécherung rembourséierte maximalen Tarif eraus festleeën, wéi dësen an der Nomenclature festgeluecht ass. Den Zänndokter ass allerdéngs verflicht de Versécherte mat engem detailléierten Devis am Viraus iwwer dëse Präisiwwerschratt z’informéieren.

Erneierungsfristen:

  • konjugéiert Protheesen (DB21 – DB51) kënnen nëmmen all zwielef Joer erneiert ginn
  • eraushuelbar Protheesen (DA11 – DA45) kënnen all fënnef Joer erneiert ginn

Den Contrôle médical vun der CNS kann dës Erneierungsfristen awer an dësen Ausnamssituatiounen ausnahmsweis verkierzen:

  • bei enger Fraktur am Kifer a Gesiichtsberäich
  • bei enger Neoplasie, déi de Mond- a Kiferberäich betrëfft
  • bei engem Traitement mat Biphosphonaten dat a ganz héijen Dosen duerchgefouert gëtt
  • bei Traitementer mat Zännprotheesen virum Alter vu 17 Joer

A virliegende Dokumenter:

  • Kroun op Zant: Devis mat Rëntgen
  • Kroun op Implantat: Devis mat Rëntgen vun den Implantater, déi op d’mannst 8 Wochen no der Implantatioun erstallt goufen
  • Gouttière (Ds6/DS5): Devis mat Diagnos oder Rëntgen

Implantater

Implantater sinn net an der Nomenclature abegraff a ginn net vun der CMFEP rembourséiert.

Orthodontie

D’Ofdeckung vun de Käschte fir orthodontesch Traitementer hänkt dovun of, datt dës virum Alter vu 17 Joer ufänken. Den Delai an d’Alterslimitt ginn ab deem Dag festgehalen, wou d’orthodontesch Apparatur agesat gëtt. Dofir iwwerhëlt d’CNS an CMFEP keng Käschte fir orthodontesch Traitementer bei Erwuessener. All Positioun vun der Nomenclature bei orthodontesch Traitementer (DT10-DT62) gëtt nëmmen eemol rembourséiert, mat Ausnam vun der Positioun DT10. D’Positioun DT10 ka bis zu dräi Mol bannent enger Periode vu fënnef Joer rembourséiert ginn, mat engem Minimum vun 365 Deeg tëscht all Remboursement.

Orthodontesch Traitementer, mat Ausnam vun de Positiounen DT10 an DT11, ginn nëmmen da rembourséiert, wann dës mat enger Autorisatioun am Virfeld an ënner der Opsiicht vum Contrôle médicale duerchgefouert ginn. Autorisatioune vum Contrôle médiclale fir orthodontesch Traitementer sinn nëmmen da valabel, wann dat geneemegt Traitement bannent 12 Méint vum Datum vun der Autorisatioun vum Contrôle médical ugefaang gëtt. Dësen Delai gëllt awer net fir d’Autorisatioune fir d’Positiounen DT36 oder DT46, déi sech op orthodontesch Traitementer mat fixen Apparature fir Lëpsen- oder Kiferspécken bezéien an déi virum Alter vu 17 Joer ugefaangen ginn. Dës Traitementer ginn duerch e järleche Forfait ofgedeckt an d’Joreszäit gëtt fir hir Ëmsetzung berücksichtegt. Hei gëtt d’Periode vun 12 Méint net berücksigtegt.

 

Dokumenter fir ze schécken:

  • Éischt Demande (DT21 / DT22 / DT23 / DT31 / DT41): Devis mat Ofdrock
  • Verlängerung (DT34 / DT35 / DT44 / DT45): Devis mat Rëntgen virun dem Traitement