De Remboursement

Wéi kommen ech an de Genoss vun engem Remboursement bei der CMFEP?

De Remboursement iwwer Bankiwwerweisung (Standardremboursement)

Prozedur

De Versécherten, deen d’Käschte fir den Traitement virgestreckt huet, muss d’Originalrechnung zesumme mat engem gëltegen Noweis, datt d’Rechnung bezuelt ass, un d’CMFEP schécken. Dobäi muss gesuergt ginn, datt de Versécherten zwee Joer Zäit huet fir dës Rechnungen eranzeschécken. Hei gëtt den Datum vum Beleeg vun der Rechnung gekuckt. No dem Delai vun zwee Joer kënnen d’Rechnungen net méi rembourséiert ginn.

De Remboursement erfollegt per Iwwerweisung op de Bankkont vum Usprochberechtegten.

Vergiesst bei Ärer éischter Ufro op ee Remboursement net, eis een aktuelle Banknoweis (RIB) bäizeleeën. Dësen Noweis kann iwwer Är Webbanking-Uwendung erofgeluede ginn. Falls Dir Äre Bankkont ännere wëllt, benotzt wannechgelift de Formulaire “Ännerung vum Bankkonto“. Ënner anerem kënnt Dir Äre Bankkont och um Internetsite MyGuichet changéieren.

Dir musst eis Äre Banknoweis net bei all Ufro matschécken, mee et geet duer wann Dir eis dësen eemoleg matdeelt. Tatsächlech bleiwen Är Donnéeë bis zu engem neie Changement enregistréiert. Esou Changementer sinn natierlech limitéiert, mee fuerderen eng effizient an transparent Liquiditéit.

Wou kann ech meng Ufro op ee Remboursement stellen?

Caisse de maladie des fonctionnaires et employés publics

32, av. Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

Wann d’Rechnunge vu Lëtzebuerg aus verschéckt ginn, braucht Dir keen Timber op d'Enveloppe ze pechen. Hei iwwerhëlt Krankekeess d’Portokäschten. Aktuell ass et nach net méiglech d’Remboursementer op engem elektronesche Wee unzefroen.

Wéi eng Dokumenter musse bei enger Ufro fir Remboursementer attachéiert sinn?

  • d’Originalrechnung (bei Verloscht oder Beschiedegung vun der Originalrechnung musst Dir bei Ärem Dokter eng validéiert Kopie ufroen); Opgepasst: Kopie’en, gescannten Dokumenter oder PDF’er gi fir de Remboursement net akzeptéiert
  • ee gëltegen Noweis, datt d’Rechnung bezuelt ass; wann d’Rechnung op der Plaz bezuelt ginn ass, gëtt de Vermierk mam Datum an der Ënnerschrëft vum Dokter als Noweis ugesinn
  • beim Bezuelen iwwer Bankiwwerweisung oder Webbanking geet et duer wann Dir eng Kopie vum Virement bäifüügt, déi Dir no der Iwwerweisung erofluede kënnt. D’Referenz um Avis de Debit an de Betrag musse mat deenen op der Rechnung iwwereneestëmmen
  • d’Ordonnance, déi fir all Traitement a Liwwerungen (Ausnam: bestëmmt Aarte vun Aide visuelle’en) néideg sinn, déi net selwer vum Dokter ausgefouert ginn
  • d’Geneemegung vun der Krankekeess/Gesondheetskeess CNS, wann d’Leeschtunge vun enger fréierer Geneemegung gebraucht ginn, den Accord vun der nationaler Gesondheetskeess (z.B. fir ee physiotherapeuteschen, diäteschen oder orthopedeschen Traitement) oder och deen, vun der CMFEP ausgefëllten Devis (z.B. fir eng Zännprotheese)

Ween huet Usproch op e Remboursement?

De Remboursement vun de Käschte fir medezinesch Versuergung vum Versécherten un de Familljemembere leeft an der Reegel iwwert den Haaptversécherten. Am Fall vun enger Trennung an/oder enger Scheedung ginn d’Remboursementer fir d’Kanner dem Elterendeel zougewisen, deen d’Gard fir d’Kanner huet. Wann d’Rechnunge vun enger anerer Persoun wéi dem Haaptversécherten (Elterendeel mam Suergerecht) bezuelt ginn, muss de Formulaire “Déclaration Autre bénéficiaire“ ausgefëllt ginn, fir datt déi Persoun och dëse Remboursement op hire Kont iwwerwise kritt. An deem Fall ass et wichteg, drop hinzeweisen, datt den Numm um Noweis vun der bezuelte Rechnung oder um Beleeg, wann d’Rechnung op der Plaz bezuelt ginn ass, däitlech mam Numm vun der Persoun déi tatsächlech bezuelt huet, iwwerenee stëmmt.

Hei e puer praktesch Tuyauen:

  • fotokopéiert Är Rechnungen: Wann Dir Member bei enger Zousaazkeess sidd, vergiesst net, Iech Kopien ze maachen, éier Dir d’original Rechnungen un d’CMFEP schéckt
  • passt op, datt op all Dokument den Numm an déi genee a liesbar Versécherungsnummer vun der Persoun ugi sinn
  • aktuell ginn all Ufroe vun eis gescannt, dofir biede mir Iech folgend Uweisungen ze beuechten, fir eng schnell an effikass Beaarbechtung vun Ärer Ufro op ee Remboursement ze garantéieren

Evitéiert wannechgelift:         

  • Dokumenter mat Agraff oder Pechpabeier ze fixéieren
  • een Deckblaat oder eng Nott bäi ze setzen (An der Annex fannt Dir…)
  • Post-it-Ziedel op d‘Dokumenter ze pechen
  • Visa-/Bancomat-Ziedel bäizesetzen
  • d’Rechnunge mam Stëft oder Textmarker markéieren
  • Certificat de maladie matzeschécken
  • Attestatioun vum Dokter fir d’Vakanz aus familiäre Grënn matzeschécken

Haalt Iech u follgend Reiefolleg:      

  1. Rechnung Nr. 1  + Avis de débit Nr. 1 + Ordonnance wann néideg
  2. Rechnung Nr. 2 + Avis de débit Nr. 2 + Ordonnance wann néideg
  3. Rechnung Nr. 2 + Avis de débit Nr. 2 + Ordonnance wann néideg

Asw.

Mat wéi engem Delai muss ech bei engem Remboursement rechnen?

De Remboursement vu lëtzebuergesche Rechnungen erfollegt bannent 2 bis 3 Wochen. Wann gläichzäiteg lëtzebuergesch an auslännesch Rechnungen deponéiert ginn, kann et virkommen, datt de Remboursement net beienaner iwwerwise gëtt. Normalerweis dauert den Traitement vun nationale Rechnungen net esoulaang, sou datt de Remboursement vun auslännesche Rechnungen eréischt méi spéit iwwerwise gëtt.

D’Eenzelheete vum Remboursement

All Remboursement vun der CMFEP ginn op engem Détail de remboursement festgehalen. Dëse kritt Dir beim Ausbezuele per Post geschéckt.

Assuréen, déi um Portal MyGuichet.lu ugemellt sinn, kënnen hiren Détail de remboursement an digitaler Form recuperéieren. Dobäi musst Dir nëmmen de Volet “eDelivery“ ukräizen, deen Dir ënner “Meng Dateien / Gesondheet-Soziales / Krankekeess / Postagang eDelivery“ fannt.

Ewéi de Renseignement z’interpretéieren ass, kënnt Dir hei noliesen.

Versuergt dësen Détail de remboursement gewëssenhaft! Dir braucht dësen als Noweis, datt Dir d’Rechnung bezuelt hutt, fir Zousazversécherung oder ënner anerem och fir d’Steieramt. D’CMFEP kann Iech och op Wonsch een Duplikat aushännege.

Wann Dir wieder Froe betreffend enger bestëmmte Bezuelung hutt, kënnt Dir Kontakt mam zoustännege Service ophuelen. D’Ufro erfollegt iwwert eise Kontaktformulaire.

D’Prozedur vum direkten Remboursement iwer Multiline

Den Assuré, dee Käschte virgestreckt huet, kann een direkte Multiline-Remboursement ufroen. Dëst ass just méiglech, wann d’Zomm vum Remboursement iwwert 100 Euro ass an d‘Rechnung bannent de leschte 15 Deeg virum Datum vun der Demande beglach gouf.

Fir den direkte Multiline-Remboursement muss den Assuré d’bezuelten Originalrechnungen am Guichet virleeën. De Remboursement vum Deel vun der Keess erfollegt duerch eng direkt Iwwerweisung op de Kont vum Usprochsberechtegten.

Wann de Versécherten sech net perséinlech am Guichet presentéiere kann, kann hien eng drëtt Persoun mandatéieren, de Multiline-Remboursement bei der CMFEP unzefroen. De Versécherte muss eng schrëftleche Procuratioun fir déi Persoun ausstellen, déi berechtegt ass, e Remboursement fir d’Rechnungen unzefroen. Ënner anerem muss déi Persoun eng Kopie vu senger eegener Karten d’identité an eng Kopie vun der Carte d’identité vum Versécherte bäifügen.

Den direkte Remboursement fir Persoune mat engem nidderegen Akommes (Tiers-payant social TPS)

Den Tiers-payant social (TPS) erméiglecht et Persoune mat engem nidderegen Akommes, d’Käschte fir medezinesch Traitementer net virstrecken zu mussen, fir uschléissend de Remboursement bei der Krankekeess unzefroen.

Déi Concernéiert mussen eng Demande fir d’Iwwerhuele vun de Käschte bei hirer zoustänneger Gemeng stellen, déi eleng decidéiere kann, ob d‘Attributioun fir den TPS och wierklech ubruecht ass. Wann d’Konditiounen erfëllt sinn, stellt d’Gemeng dëser Persoun eng Attestatioun (dës huet een Delai vun 3 Méint) zesumme mat engem Etikettenheft aus. Déi Etikette solle vum Prestataire op déi betreffend Rechnung befestegt ginn.

D’Rechnunge mat de gielen Etikette solle just bei der Caisse nationalen de santé - Service TPS - fir en direkte Remboursement un de Prestataire agereecht ginn.

D’Eegebedeelegung an d’Leeschtungen (CP1-CP7), déi net rembourséiert kënne ginn, musse weiderhi vum Patient bezuelt ginn.

Ausseruerdentlech Hëllefsleeschtung (assistance exceptionnelle)

Assuréen, déi opgrond vu finanzielle Schwieregkeeten, temporär net an der Lag sinn, d’Rechnunge selwer ze bezuelen, kënnen eng Ufro op eng ausseruerdentlech Hëllefsleeschtung stellen. 

Dës Hëllefsleeschtung erméiglecht et der CMFEP, d’Dokteschrechnungen oder d’Rechnunge vum Fournisseur ze bezuelen, ouni datt den Assuré d’Käschte virstrecke muss.

Déi schrëftlech Demande muss follgend Krittären erfëllen:

  • d’Demande betrëfft eng Rechnung, déi vun engem Dokter oder Fournisseur ausgestallt ginn ass, deen eng Zouloossung vun der Gesondheetskeess (CNS) verfüügt. Fir all weider Rechnung muss eng séparat Demande gestallt ginn
  • d’Demande bezitt sech op eng bestëmmte Rechnung, déi ee Montant vun 250 Euro depasséiert an déi den Assuré duerch gewëssen Ëmstänn net selwer bezuele kann. D’Rechnung muss sech op eng Leeschtung bezéien, wou den Datum vun der Rechnung net méi wéi dräi Méint virum Datum vun der Demande läit
  • d’Demande betrëfft eng Rechnung, déi net am Kader vum direkte Remboursement (tiers payant) iwwerholl ka ginn
  • d’Demande betrëfft eng Leeschtung, fir déi all Viraussetzunge fir ee Remboursement erfëllt sinn

 

Fir datt d’Konditiounen erfëllt si muss den Assuré ee valabele Grond hunn, deen eng prekär ekonomesch Lag erkläert souwéi all Dokumenter bäisetzen déi fir d’Demande nëtzlech kënne sinn.

D’Käschte fir den Depassement vun Tarifen, gradewéi d’Käschte fir d’convenance personnelle, musse vum Patient selwer iwwerholl ginn.

De komplementare Remboursement (Artikel 154 bis Statuten CNS)

Bei den Assuréen, wou Eegebedeelegung vun engem Joer fir bestëmmte Gesondheetsleeschtungen eng Grenz vun 2.5% vum Akommes vum leschte Joer depasséieren, kënnen ee komplementare Remboursement bei der CMFEP ufroen. 

Beispill: De Grenzwäert vun 2.5%, fir eng Persoun déi am Joer 2020 een Akommes vu 40.000 Euro disposéiert, gëtt erreecht, wann de Montant vun der Eegebedeelegung fir 2021 ee Montant vun 1000 Euro depasséiert. De Montant vun der Eegebedeelegung vun engem Joer gëtt op der Récksäit vum Détail de remboursement uginn. An dësem Beispill huet den Assuré keen Usproch op een zousätzleche Remboursement, well d’Zomm fir d’Eegebedeelegung fir d’Joer 2021 nëmmen 38.44 Euro ass.

Fir d’Berechnung vun der Eegebedeelegung gi follgend Leeschtungen a Liwwerunge berécksiichtegt:

  • medezinesch Versuergung
  • zännmedezinesch Versuergung
  • Krankefleeg
  • Ernärungsberodung
  • physiotherapeutesch Traitement a Massage
  • Logopedie
  • Betreiung duerch Hiewane
  • psychomotoresch Traitement
  • Thermalleeschtungen
  • Käschte fir orthopedesch Protheesen, Orthesen an Epitheesen
  • pharmazeutesch Produite
  • medezinesch Apparater, déi vun der Krankeversécherung iwwerholl ginn
  • Psychotherapie

Als Informatioun: Zännprotheesen (Implantater, Kroune, asw.), Aides visuelles (Brëller, Kontaktlënsen, asw.) sämtlech Leeschtungen a Medikamenter, déi net vun der Krankekeess iwwerholl ginn, gi bei der Berechnung vun enger Hausse vun der Eegebedeelegungen net berécksiichtegt.

Wann de Grenzwäert erreecht ass, kënnen déi Betreffend ab dem 1. Mee vum follgendem Joer mat dësem Formulaire eng Ufro op een zousätzleche Remboursement stellen.

 

Doleancen a Recoursen

Doleancen

All Versécherten, deen eng Doleance iwwer ee Remboursement, ee Refus vun engem Remboursement, den Delai vun der Beaarbechtung oder iwwert d’Féierung vun den Dossieren huet, kann eis dëst per Bréif, Telefon oder E-Mail matdeelen.

Am Kader vun eise Méiglechkeeten an dem Bäibehale vun aktuelle Gesetzer a Virschrëften, gi mir eist Bescht, fir Är Froen ze beäntwerten an de Problem op eng professionell Aart a Weis ze léisen. Oft hëlleft schonn een Telefonat, fir ee Konflikt ze klären an eng passend Léisung ze fannen, wou béid Säiten averstane sinn.

Recoursen

All Persoun, déi sech duerch eng Decisioun vun der Krankekeess benodeelegt fillt, kann eng Demande fir eng Zoustellung vun engem Recours géint d'Decisioun vum President vum Conseil d’administration (oder de Vizepresident) ufroen. De Versécherten disposéiert iwwert een Delai vu véierzeg (40) Deeg, fir dës Decisioun mat engem schrëftlechem Recours unzefechten. De Recours ass per Recommandé u folgend Adress ze schécken:

CMFEP

Conseil d‘administration

L-2091 Luxemburg

Oft gestallte Froen (Remboursement)