Aarbechtsonfäegkeet

Wichtegen Hiweis

Follgend Informatiounen iwwert d’Aarbechtsonfäegkeet gëllen ausschliisslech fir Persounen, déi bei der CMFEP verséchert sinn. Assuréen, déi bei der Gesondheetskeess (CNS) verséchert sinn, ginn dréngend opgefuerdert d’Bestëmmunge vun der Aarbechtsonfäegkeet um Site vun der CNS (cns.lu) ze beuechten.

Een Assuré, dee bei der Staatsbeamtekeess (CMFEP) verséchert ass, brauch seng Aarbechtsonfäegkeetbescheinegung (rosaen Certificat de maladie) net un d’CMFEP viruginn, well ee Staatsbeamte wärend der ganzen Dauer vum Congé de Maladie iwwer eng gesetzlech Poursuite vum Loun disposéiert.

 

Well mir allzäit Ufroe vun eisen Assuréen, betreffend Meldunge vun Aarbechtsonfäegkeeten kréien, déi awer net an eis Attributioun falen, wëlle mir Iech a Relatioun vun der Meldung vun enger Aarbechtsonfäegkeet e puer Tuyaue ginn:

D’Aarbechtsonfäegkeet

Ëmsetzbar Texter

  • article 28-3 de la loi modifiée du 16 avril 1979 fixant le statut général des fonctionnaires de l’Etat (ci-après le statut général)
  • articles 19-25 du règlement grand-ducal modifié du 3 février 2012 fixant le régime des congés des fonctionnaires et employés de l’État

Meldung vun enger Aarbechtsonfäegkeet

Ee Staatsbeamten/Employé, deen opgrond vun enger Krankheet oder engem Accident senger berufflecher Tätegkeet net méi nogoe kann, muss säin Virgesetzte virum Ufank vu senger obligatoresche Presenz avertéiert hunn. (vergläicht Artikel 28-3 vum allgemenge Beamtestatut).

 

Meldung vun enger Aarbechtsonfäegkeet vun dräi Deeg a méi

Bei enger Aarbechtsonfäegkeet vu méi wéi dräi Aarbechtsdeeg noeneen, schéckt den Assuré déi zweet Säit vum Krankeschäi spéitstens zwee Deeg no der Ausstellung un de Virgesetzten oder säin Adjoint. Déi drëtt Säit vum Krankeschäin ass fir dem Agent säin eegene Besoin. Dat éischt Blat ass ausschliisslech fir de Versécherte vun der Gesondheetskeess bestëmmt a sollt och versuergt ginn.

Een Assuré, dee bei der Staatsbeamtekeess (CMFEP) verséchert ass, muss seng Aarbechtsonfäegkeetbescheinegung (Certificat de maladie) net un d’CMFEP viruginn, well ee Staatsbeamte wärend der ganzen Dauer vum Congé de Maladie iwwer eng gesetzlech Poursuite vum Loun disposéiert.

Eng Persoun, déi opgrond vun zwou berufflechen Tätegkeete souwuel bei der CNS ewéi bei der CMFEP verséchert ass, muss déi éischt Säit vum Certificat onbedéngt un d’CNS viruginn. E Suivi vun Informatioune fannt Dir um Internetsite vun der CNS.

Info: D’Krankeschäiner, déi vum Assuré un d’CMFEP agereecht goufen, ginn net archivéiert a kënne bei Bedarf net méi opgeruff ginn.

 

Ausgangsregelung wärend dem Congé de Maladie

Wärend den éischte fënnef Deeg vun der Aarbechtsonfäegkeet ass keng Sortie erlaabt, mat Ausname vun noutwendege Sortien, fir eng Visitt bei engem Dokter oder bei engem anere Fournisseur, fir d’Convocatioun beim Kontrolldokter respektiv fir d’Anhuele vun enger Moolzecht.

Ab dem sechsten Dag vun der Aarbechtsonfäegkeet si Sortien tëschent 10.00 an 12.00 Auer a 14.00 an 18.00 Auer erlaabt soulaang dëst ausdrécklech vum (zoustännegen) Dokter um Krankeschäi verzeechent gouf.

An Fäll, wou d’Aarbechtsonfäegkeet een Zäitraum vu sechs Wochen hannereneen depasséiert, kann de Kontrolldokter ab dem 43. Dag op schrëftlech Ufro vum Assuré a mat der Zoustëmmung vum Virgesetzten déi uewe genannten Ausgangsbeschränkungen suppriméieren.

 

4.      Auslandsopentalt bei Krankheet

Theoreetesch ass et dem Assuré net erlaabt, sech wärend der Aarbechtsonfäegkeet am Ausland opzehalen. Fir all Openthalt an engem anere Land ewéi dem an dem den Assuré offiziell wärend der Aarbechtsonfäegkeet wunnt, ass eng Autorisatioun vum Kontrolldokter noutwendeg. Entspriechend Ufroe ginn un de Virgesetzte geriicht.

Fir wieder Informatiounen zu dësem Sujet kënnt Dir Iech un Äre Personalchef adresséiere respektiv déi gülteg Legislatiounen um Site Legilux consultéieren.

(Cf Règlement grand-ducal du 3 février 2012 fixant le régime des congés des fonctionnaires et employés de l'État).

De Congé pour raisons familiales vum Beamten

Ëmsetzbar Texter

  • article 28octies de la loi modifiée du 16 avril 1979 fixant le statut général des fonctionnaires de l’Etat (ci-après le statut général)
  • articles L.234-50. et suivants du Code du travail

Bedingungen

Am Fall vun enger Erkrankung vun engem Kand ënner 18 Joer, ewéi fir d’Betreiung vun engem Kand mat engem Handicap oder schwéierer Erkrankung, ass et méiglech, datt d’Elteren ee Congé pour raisons familiales ufroe kënnen.

Fir een Usproch op de Congé pour raisons familiales ze kréien, muss de Beamten:

  • um Dag vun der Absence soll de Virgesetzten oder den Adjoint perséinlech oder iwwer een Intermediaire mëndlech oder schrëftlech benoriichtegt ginn
  • dem Virgesetzten een Attest virweisen. Dësen Attest muss d’Krankheet, den Accident oder aner gesondheetlech Aschränkunge vum Kand, d’Noutwendegkeet vun der Presenz vun engem Elterendeel an d’Dauer vun dëser Presenz ernimmen

De Beamte muss dësen Attest net un seng Krankekeess weiderleeden.

Fir sech iwwer de Rescht vun de Congésdeeg z’informéieren, muss den Assuré och un säin Patron adresséieren.

De Congé de Maternité

Ëmsetzbar Texter

  • article 29 de la loi modifiée du 16 avril 1979 fixant le statut général des fonctionnaires de l’Etat (ci-après le statut général)
  • articles 332-1 et svts du Code du travail
  • textes de la sécurité sociale

Bedingungen

De Code de la sécurité sociale bestëmmt, datt eng Salariée eng Urecht op eng finanziell Indemnitéit beim Congé de Maternité huet, falls si an dem Joer virun Ufank vun dësem Zäitraum op d’mannst sechs Méint laang flichtverséchert war.

D’gesetzlech Bestëmmung gëllt och fir Versécherter vum Secteur public a gouf am Artikel 29 vum Statut général des fonctionnaires / employés de l’Etat ëmgesat, deemno hu Beamten am aktiven Déngscht Usproch op de Congé de maternité, deen no de festgeluechte Konditiounen a Modalitéite vum Code du travail ze geneemegen ass.

De Congé de maternité gliddert sech op eng Period vun aacht Woche fir de Congé prénatal an op eng Period vun zwielef Woche fir de Congé postnatal.

De Congé de maternité gëllt als normal Aarbechtszäit an d’Salariée kritt, falls den Employeur (respektiv den CGPO) d’Demande akzeptéiert, bis zum Schluss vum Congé weiderhin hier vum Staat bezuelte Pai.

An der Praxis muss d’Salariée hirem Employeur an de leschten zwielef Woche vun der Schwangerschaft een Attest vum Dokter presentéieren, dee viraussiichtlech den Zäitpunkt vum Accouchement bestëmmt.

Den Employeur leet dësen Attest un déi zoustänneg Administratioun respektiv un den CGPO weider, deen dann iwwerpréift, ob d’Viraussetzunge fir Attributioun erfëllt sinn an uschléissend d’Kandidatin doriwwer informéiert.

D’Salariée kann de Congé de Maternité weeder bei der Krankekeess ufroen nach muss si den Attest vun der Schwangerschaft un d’Krankekeess weiderleeden.