Krankeversécherung

D’obligatoresch an freiwelleg Affiliatioun(à corriger)  

D’obligatoresch Affiliatioun am Kader vun enger berufflecher Tätegkeet

 All Persoun, déi zu Lëtzebuerg eng bezuelte berufflech Tätegkeet ausüübt, ass bei de lëtzebuergesche sozialversécherungs Organisatioune flichtverséchert. De Personalchef ass nämlech obligéiert dem Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) d’Ustellung vun all neiem Mataarbechter mat enger Deklaratioun ze mellen. Soubal dës Deklaratioun vum CCSS enregistréiert gouf, gëtt de Beamten automatesch bei der Caisse de maladie des fonctionnaires et employés publics (CMFEP) verséchert. Dat selwecht gëllt fir Familljememberen, déi scho matverséchert waren an zu Lëtzebuerg wunnen.

All Persoun, déi iwwert den CCSS bei der CMFEP verséchert ass, kënnt och ab dem éischten Dag vun der Affiliatioun an de Genoss vun der Assurance maladie-maternité.

Dir kënnt Äre Versécherungsstatus mat der Situatioun vun Äre matversécherte Familljememberen online um Site myguichet.lu erfaassen (Persönliche Daten/Soziale Gesundheit/Krankenkasse).

 

Desaffiliatioun

Bei enger Clôture vun der berufflecher Tätegkeet oder bei der Opléisung vum Aarbechtskontrakt informéiert Ären Employeur respektiv de Centre de gestion et d'orientation du personnel de l'Etat (CGPO) den CCSS iwwert eng Declaration de sortie. Den CCSS mellt doropshin den Haaptversécherten mat de Familljememberen of.

Wann Dir allerdéngs op d’mannst sechs Méint laang ouni Ënnerbriechung verséchert war, hutt Dir weiderhi wärend dem lafende Mount an den dräi Méint dono Usproch op d’Leeschtungen, déi CMFEP disposéiert. Eng Ënnerbriechung vu manner wéi aacht Deeg gëtt fir d’Berechnung fir d’Konditioun fir eng Assurance volontaire net berücksichtegt.

Dësen Delai kann ausserdeem fir weider dräi Méint verlängert ginn, wa Krankheeten zum Zäitpunkt vun der Desaffiliatioun am Traitement sinn.

Wichtegen Hiweis: D’Verlängerung vun der Affiliatioun gëllt net, wann déi betreffend Persoun wärend dëser Zäit eng gesetzlech Deckung fir déi selwecht Riske kritt.

Assurance volontaire

Beim Verloscht vun der Affiliatioun huet eng Persoun, déi zu Lëtzebuerg wunnt, d’Méiglechkeet, eng Assurance volontaire beim Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) unzefroen.

Fir an de Genoss vun enger Assurance volontaire ze komme muss ee folgend Konditiounen erfëllen:

  • op d‘mannst 18 Joer al sinn
  • zu Lëtzebuerg wunnen
  • d’obligatoresch Affiliatioun oder d’Matversécherung als Familljemember verluer hunn, nodeems een dës wärend enger Period vu sechs Méint ouni Ënnerbriechung kuerz virun der Desaffiliatioun oder dem Verloscht vun der d’Matversécherung als Familljemember genoss huet. Dës Konditioun vun der Kontinuitéit gëtt net duerch eng Ënnerbriechung vu manner wéi aacht Deeg opgehuewen
  • ee keng gesetzlech Deckung fir déi selwecht Risken hunn (z.B. Méiglechkeet vun enger Matversécherung bei engem Elterendeel oder dem Partner)
  • bannent engem Delai vun dräi Méint no dem Verloscht vun der Affiliatioun eng Demande fir d’Opnam beim Centre commun de la sécurité (CCSS) stellen

D’Participatioune ginn op der Basis vum soziale Mindestloun mat engem aktuelle Cotisatiounssaz vu 5.60% fir d’Krankeversécherung berechent.

Fir wieder Informatioune kënnt Dir Iech un déi zoustänneg Plaz wenden. (CCSS)

Die Versicherung von Familienangehörigen

Familljememberen, déi zu Lëtzebuerg wunnen

Familljememberen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, fir déi den Haaptversécherten Ënnerhalt bitt, kommen an de Genoss vun enger Protektioun, déi mat enger Affiliatioun an der Krankeversécherung als Matversécherten, verbonnen ass, ënner Konditioun, datt si net scho perséinlech verséchert sinn. D’Leeschtunge vun der obligatorescher Affiliatioun an der Assurance volontaire erstreckt sech op:

  • de Liewenspartner (bestuet oder gepacst)
  • Familljememberen, de Schwoer oder d’Schwéiesch a gerueder Linn oder an der Säitenlinn bis zum drëtte Grad, déi an der Absence vum Liewenspartner (bestuet oder gepacst) de Stot vum Haaptversécherten féieren
  • d‘legitim, natierlech, adoptiv Kanner souwéi Kanner aus engem Mariage vum Haaptversécherten, fir déi dëse vun de Steiere befreit ass
  • Kanner déi dauerhaft am Stot vum Haapversécherten opgeholl goufen a vun dësem erzunn an ënnerhale ginn
  • déi ënner 3) a 4) genannten Usprochsberechtegter, déi manner wéi 30 Joer hunn a fir déi d’Reduktioun fir Kanner net méi autoriséiert gëtt, wann si iwwer een Akommes disposéieren, déi ënnert dem Akommes fir sozial Integratioun (REVIS) fir eng celibataire Persoun leien

 

D’Konditioun fir de Gebrauch vun dësem Artikel ass, datt déi betreffend Persoun net scho perséinlech verséchert ass an - ausser am Fall vun engem Studium oder enger Beruffsformatioun – am Grand-Duché wunnt.

Déi Verséchert gi gebieden, d’Affiliatioun vun hire Kanner am Alter vun 18 Joer iwwerpréiwen ze loossen. Dëst gëllt och, wann dës geschafft hunn. D’Versécherter mussen der CMFEP keng Studiebeleeg virweisen.

Am Alter vun 30 Joer kënnen déi matverséchert Kanner, déi studéieren oder iwwert een Akommes disposéieren, dat ënnert dem Akommes fir sozial Integratioun (REVIS) fir eng celibataire Persoun leien, bei der CNS eng Demande ofgi fir weiderhi matverséchert ze bleiwen. Zu dësem Sujet ginn si schrëftlech kontaktéiert.

Wann de Partner, dee matverséchert soll ginn, virdrun an engem anere Land wéi Lëtzebuerg verséchert war, muss dësen der CMFEP ee Certificat d’affiliation (S041 oder Certificat de coassurance) virweisen, déi vun der leschter Institutioun fir Sozialversécherung, bei déi hie verséchert war, ausgestallt gëtt. Wann folgende Certificat net zur Verfügung steet, well d’Persoun net an Europa gewunnt huet, muss dësen der CMFEP eng vun him selwer ënnerschriwwen “Attestation sur l’honneur“ zoukomme loossen. An dëser Attestatioun muss de Partner certifiéieren, dat hien net zousätzlech an engem anere Land krankeverséchert ass an hie muss sech obligéieren, all Ännerung vu senger Situatioun no der Virlag vun dëser Attestatioun direkt ze mellen.

Demarchë fir Frontalieren

E Versécherte gëtt als Frontalier ugesinn, wann dësen an engem aneren EU-Land schafft a verséchert ass, wéi an dem, wou dësen tatsächlech wunnt an ënnert der Konditioun, datt dësen all Dag oder op d’mannst eemol d’Woch a säi Residenzland zeréck geet. An dësem Fall ass dat Land responsabel fir Krankeversécherung an dem dëse schafft. D’Krankekeess, aus dem Land wou de Versécherte schafft, stellt een S1 Formulaire aus, mat deem de Frontalier sech bei enger Krankekeess am Residenzland aschreiwe muss.

Den S1 Formulaire ass also een Dokument, mat dem sech de Versécherten an/oder seng Familljememberen, déi an engem aneren EU-Land wéi Lëtzebuerg wunnen, bei enger Krankekeess am Residenzland enregistréiere loosse kënnen, fir vun deenen an der Gesetzgebung vum Residenzland virgeschriwwe Leeschtungen, wéi Traitementer an Hospitalisatioune vun dëser Krankeversécherung op déi selwecht Manéier ze profitéieren ewéi e Versécherte vun dësem Land.

Eis Versécherter kënnen den S1 Formulaire bei eisem Service Affiliatioun recuperéieren. Dëse Formulaire muss esou séier wéi méiglech bei enger Krankekeess vum Residenzland presentéiert ginn, déi déi betraffe Persoun registréiert an d’CMFEP doriwwer informéiert, D’Krankekeess vum Residenzland hëlt dann d’Decisioun, ob d’Familljememberen, no der Gesetzgebung vum Residenzland, matverséchert kënne ginn. Wann eng Matversécherung méiglech ass, gëtt d’CMFEP duerch een S071 Formulaire avertéiert.

Demarchë fir Frontalieren aus der Belsch

Frontalieren, déi hei zu Lëtzebuerg schaffen an an der Belsch wunne musse bei der CMFEP eng Demande fir een BL1 Formulaire stellen. Dëse Formulaire soll sou schnell wéi méiglech bei enger zoustänneger belsch Krankekeess deponéiert ginn, déi sech dann ëm d’Aschreiwung vum Frontalier këmmert.

Déi belsch Krankekeess hëlt dann och d’Decisioun, ob eventuell eng Matversécherung, fir d’Familljememberen, entspriechend de gesetzleche Bestëmmunge vun der Belsch, méiglech ass an deelt der CMFEP dëst entweder op der zweeter Säit vum BL1 oder duerch de Formulaire BL6 mat.

De Remboursement vun Traitementer bei Frontalieren

De Remboursement vun Traitementer, an Ärem Residenzland, ginn ausschliisslech vun Ärem Residenzland iwwerholl an dës no den Tariffer, déi fir Versécherter an dem Land gëllen. D’CMFEP iwwerhëllt d’Käschte vun den Traitementer déi Lëtzebuerg zur Verfügung gestallt ginn, wann d’Original Rechnunge presentéiert ginn. (Kuckt Rubrik: Remboursement).

Wat de Remboursement vun Traitementer aus an engem anere Land wéi Lëtzebuerg oder dem Residenzland ugeet, ginn urgent Traitementer direkt vun der zoustänneger Institutioun op der Plaz vum Openthalt ofgedeckt, wann Dir Är europäesch Sozialversécherungkaart oder de provisoreschen Ersatzzertifikat presentéiert. Fir geplangte stationär Traitementer am Spidol an engem anere Land wéi Lëtzebuerg oder dem Residenzland, braucht Dir eng Autorisatioun vun der CNS no engem positiven Avis vum Contrôle médical de la sécurité sociale (am Fall vun engem “accord-directive“)

Zousätzlech Informatioune fir belsch Frontalieren: Belsch Frontalieren hunn d’Recht op zousätzlech Remboursementer vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg fir Traitementer aus der Belsch. Den zousätzleche Remboursement gëtt entweder vun Ärer belscher Krankekeess, oder duerch d’Verschécke vun dëse Rechnungen un d’CNS, zeréckbezuelt.

Sozialversécherungskaart

Sozialversécherungskaart a de provisoreschen Ersatzzertifikat

Persounen, déi bei der Sozialversécherung enregistréiert sinn, hunn Usproch op eng Sozialversécherungskaart.

Dës Kaart gëtt automatesch vum Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) bei der éischter Affiliatioun vum Haaptversécherten ausgestallt a bannent dräi Woche per Post un déi Adress déi am Nationalregister (RNPP) enregistréiert ass. Fir Kanner, déi zu Lëtzebuerg op d‘Welt kommen an och hei wunne gëtt d’Matversécherung automatesch enregistréiert an d’Sozialversécherungskaart verschéckt. 

Beim Verloscht vun der Sozialversécherungskaart muss Dir Iech un d’CMFEP adresséiere fir eng nei Kaart mat engem provisoreschen Ersatzzertifikat unzefroen.

Bei Urgencë kann ee provisoreschen Ersatzzertifikat bei der CMFEP iwwer Telefon, E-Mail oder op der Applikatioun MyGuichet.lu ugefrot ginn. Dëse Zertifikat ass allerdéngs maximal dräi Méint valabel.

D’Sozialversécherungskaart ass streng perséinlech a just d’Déngschtleeschter a Fournisseuren si berechtegt d’Kaart vu sengem Proprietär ze verlaangen, wann dësen hinnen net perséinlech bekannt ass. All onéierlech Verwendung vun der Kaart ka strofrechtlech poursuivéiert ginn. Déi genannte Kaart ass nëmme valabel fir d’Dauer vun der Affiliatioun. Si bleift an der Proprietéit vun der CMFEP a muss eis bei enger Clôture vun der Affiliatioun eragereecht ginn.

D‘Sozialversécherungskaart besteet aus:

  • enger national Säit, déi zu Lëtzebuerg benotzt gëtt
  • an enger europäesch Säit, déi an deenen aneren europäesche Länner benotzt gëtt

Déi national Säit erméiglecht d’Iwwerhuele vun de Käschte vun der Gesondheetsversuergung, der Maternité an der Fleegeversécherung zu Lëtzebuerg.

Déi europäesch Säit erméiglecht d’Iwwerhuele vun de Käschte fir dréngend an noutwendeg Gesondheetsleeschtunge wärend engem temporären Openthalt an engem Land vun der Europäescher Unioun (EU), engem Land vum Europäesche Wirtschaftsraum (EWR) an der Schwäiz. Déi europäesch Säit vun der Kaart ass temporär an seng Gültegkeet däerf de Verfallsdatum, deen drop steet, net depasséieren.

Wann Är europäescher Säit vun der Kaart deemnächst ofleeft, kritt Dir automatesch, zwee Méint virum Verfallsdatum, eng nei Kaart. Wann Dir déi nei Kaart net bannent dëser Period kritt, sollt Dir kontrolléieren, ob Är perséinlech Donnéeën an der nationaler Datebank, nach ëmmer aktuell sinn, éier Dir eng nei Kaart bestellt.

Oft gestallte Froen (Krankeversécherung)