Am Ausland

Vakanz

An engem Memberstaat vun der EU, der EEE oder an der Schwäiz

Laut dem EU-Reglement, hu Versécherter d’Recht op e Remboursement fir Käschte vun Traitementer, déi sech ënner Berécksiichtegung vun der Aart vun de Prestatiounen an der viraussiichtlecher Dauer vum Openthalt als medezinesch noutwendeg erweisen. De Remboursement erfollegt no de Rechtsvirschrëften vum Behandlungsstaat, wéi wann d'betreffend Persoun no dëse Rechtsvirschrëften verséchert wier.

Am Fall vun engem medezineschen Noutfall wärend engem Openthalt an engem Memberstaat vun der Europäescher Unioun, dem Europäischen Wirtschaftsraums oder der Schwäiz, recommandéiere mir Iech Är europäesch Sozialversécherungskaart dem Spidol oder dem Prestataire ze presentéieren.

Déi europäesch Sozialversécherungskaart kann nëmme bei konventionelle Fournisseuren ugewannt ginn, dat heescht mat Fournisseuren, déi mam Sozialversécherungssystem vun hirem Land verbonne sinn. D’Presentatioun vun der Europäescher Sozialversécherungskaart garantéiert d’Ofdeckung oder de Remboursement vun de medezinesche Käschten op der Plaz no den Tariffer, déi fir d’Sozialversécherung vum Residenzland gëllen. Wann Dir Är Sozialversécherungskaart net bei Iech hutt, kann d’CMFEP Iech op Ufro e provisoreschen Ersatzzertifikat fir den Zäitraum vum Traitement ausstellen. Fir sécherzestellen, datt Käschte fir een Traitement direkt ofgedeckt ginn, kann dëse Formulaire un déi auslännesch Krankekeess oder un d’Spidol weidergeleet ginn.

Wann de Prestataire déi betreffend Kaart net akzeptéiert, musst Dir d’Käschte vum Traitement virausbezuelen an Iech dann entweder mat der zoustänneger Krankekeess vum Openthalt oder bei Ärem Retour mat der CMFEP fir e Remboursement a Verbindung setzen. D’CMFEP freet da bei der zoustänneger Krankekeess vum Land vum Traitement eng Tarifklassifikatioun vun de Rechnungen un a rembourséiert Iech dann dëse Betrag deen dës Keess ugëtt. Dës Prozedur dauert normalerweis tëscht véier an sechs Wochen nodeems d’Rechnunge fir ee Remboursement agereecht goufen.   

An engem Land, dat een Ofkommes mat Lëtzebuerg huet

Déi folgend Länner sinn betraff: Bosnien-Herzegowina, Kap Verde, Mazedonien, Marokko, Montenegro, Serbien, Tunesien, Tierkei.

Am Fall vun engem Openthalt an engem Land mat esou engem Accord, ass de lëtzebuergeschen Assuré verflicht, bei der CMFEP ee Certificat fir den Usproch op Traitementer, deen d’Periode vum Openthalt deckt, unzefroen. Dëse Certificat kann iwwer eise Kontaktformular oder online iwwer de Portal MyGuichet ugefrot ginn.

Wann Dir wärend engem Openthalt an engem vun dëse Länner krank sidd oder ee medezineschen Noutfall hutt, kënnt Dir dëse Certificat benotze fir medezinesch Ausgaben direkt bei der lokaler Krankekeess ze decken. Wann Dir d’Käschte vun Traitement selwer bezuele musst oder wann Dir d’Formalitéiten net op der Plaz erleedege wëllt, iwwerhëlt d’CMFEP d’Demande fir d’Tarifklassifikatioun bei der auslännescher Krankekeess.

Wann néideg, schéckt eis w.e.g. déi bezuelten Originalrechnungen mat Ärer Sozialversécherungsnummer. Mat enger ausdrécklecher Demande vum Versécherte kann d’CMFEP d’Rechnung och op Basis vun de lëtzebuergeschen Tariffer rembourséieren. Mir weisen ausdrécklech drop hin, datt de Certificat nëmmen Noutfäll deckt. All Rechnungen am Zesummenhang mat Traitementer déi net urgent sinn oder dem Kaf vu Material ginn net vun der CMFEP iwwerholl.

An engem Land, mat deem Lëtzebuerg keen Accord huet

D’europäesch Sozialversécherungskaart ass an dëse Länner net valabel an d’CMFEP stellt kee spezifesche Certificat mat der Periode vum Openthalt aus. Urgent medezinesch Traitementer, déi an engem Land zur Verfügung gestallt ginn, mat deem Lëtzebuerg keen Accord huet, ginn no lëtzebuergesch Tariffer rembourséiert. Fir d’Tarifikatioun no lokalen Tariffer vun der Nomenclature z’erméiglechen, recommandéiere mir Iech ëmmer eng detailléiert Rechnung an enger vun den offizielle Sproochen zu Lëtzebuerg unzefroen.

Opgepasst: Wéinst Tariffer, déi am Ausland gëllen, kënne Remboursementer vun der CMFEP, déi op Basis vun de lëtzebuergeschen Tariffer berechent ginn, sech däitlech vun den aktuelle Käschten ënnerscheeden. Mir recommandéieren eng zousätzlech Reesversécherung fir all Openthalt an engem Land ouni Accord mat Lëtzebuerg ofzeschléissen. D’CMFEP kann d’Käschte vun engem Traitement am Ausland net virstrecken, och wann dës de Budget vum Versécherten iwwerschreiden

Nëmmen urgent Traitementer, déi direkt wärend dem Openthalt noutwendeg sinn, gi vun Ärer Krankeversécherung ofgedeckt.

Eis Recommandatioun, wann Dir an der Vakanz am Ausland sidd:

  • presentéiert w.e.g. Är europäesch Sozialversécherungskaart, am Fall vun engem Traitement am Ausland a kontrolléiert d’Gültegkeet vun der Kaart am Viraus
  • frot no enger detailléierter Rechnung/medezinesche Rapport op franséisch, englesch oder däitsch
  • schreift Är lëtzebuergesch Sozialversécherungsnummer op all Rechnung a maacht Iech Kopien
  • am Fall vun enger Vakanz mat engem gewëssenem Risk vun Accidenter (z.B. Ski Vakanz), recommandéiere mir Iech eng zousätzlech Versécherung ofzeschléissen. E Réckfluch mam Helikopter ka séier een héijen Montant erreechen

Am Ausland studéieren

Studium an engem Memberstaat vun der EU, dem EWR oder der Schwäiz

Studenten, déi an engem Memberstaat vun der EU, dem EWR oder der Schwäiz studéieren, bleiwen als matversécherte Familljemember zu Lëtzebuerg verséchert. De Remboursement vun de Käschte fir déi néideg medezinesch Versuergung gëtt iwwer déi europäesch garantéiert. Dës gëtt därzäit och a Groussbritannien ugeholl.

Mir recommandéieren de Studenten sech op der Plaz, iwwer d’Aschreiwungsmodalitéiten z’informéieren, fir d‘Käschte vun den Traitementer vun der auslännescher Krankekeess mat der europäescher Sozialversécherungskaart ze decken. Fir Behandlungskäschten, déi net vun den uewe genannte Methoden ofgedeckt sinn, freet d’CMFEP eng Tarifikatioun bei den Institutiounen am Land an deem de Student seng Studien ofgeschloss huet. Mat enger formeller Demande huet de Student d’Recht op Remboursementer no de lëtzebuergeschen Tariffer.

Geplangten Traitement am Ausland

Geplangten Traitement mat Autorisatioun

Fir e geplangten Traitement, wéi stationär e Spidolstraitement oder Traitementer mat enger deierer Spezialausrüstung, ass eng Autorisatioun vun der CNS noutwenneg.

Fir dës Traitementer am Ausland duerchféieren ze kënnen a Recht op e Remboursement ze kréien, braucht Dir eng Autorisatioun von der CNS. D’Autorisatioun gëtt vun Ärem Dokter mat engem standardiséierte Formular ugefrot. Déi ugefroten Autorisatiounen (S2 Formulaire) gi vum Service Transfert à l’étranger vun der CNS traitéiert. Dir kënnt de Service Transfert à l’étranger iwwer E-mail kontaktéieren: tae.cnsecu.lu.

All Zort vun zousätzleche Käschten, wéi zum Beispill een Zëmmer mat 1. Klass, ginn net vun der CMFEP iwwerholl.

Am Fall wou den autoriséierten Traitement an engem net konventionellen / ëffentleche Spidol stattfënnt, handelt sech net ëm eng S2-Autorisatioun, mee eng Autorisatioun am Aklang mat der Direktiv 2011/24. An dësem Fall muss der Versécherten ëmmer déi Gesamtkäschte vum Traitement selwer bezuelen a kann awer dann nodréiglech ee Remboursement ufroen. Mat enger schrëftlecher Demande hu verséchert Persounen d’Recht op Rees- an Ënnerkunftskäschte (Hotel), virausgesat datt den Traitement accordéiert gouf an d’Rees- an Openthalsdatum an der Geneemegungsperiode falen.

Geplangten ambulant Traitement ouni Autorisatioun

Laut den Decker-Kohl-Urteeler vum Europäesche Geriichtshaff am Abrëll 1998 kënnen d’EU-Bierger sech an engem anere Memberstaat traitéiere loossen a medezinesch Produite kafen a ginn no den Tariffer vum Land an deem se verséchert sinn, rembourséiert. Den CJE baséiert sech besonnesch op de Prinzip vum fräie Verkéier vu Servicer a Wueren. E Versécherte kann also ganz einfach e Prestataire oder Fournisseur an engem Memberstaat vun der Europäescher Unioun, dem Europäesche Wirtschaftsraum oder der Schwäiz besichen an d’Käschte vum Traitement/Liwwerung no de lëtzebuergeschen Tariffer rembourséiert kréien.

 

Konditiounen an Aschränkungen:

  • de Remboursement ass op ambulant Traitementer limitéiert. All geplangte stationär Traitement am Spidol (mat enger Iwwernuechtung am Spidol), wéi och all Traitement, dat de Gebrauch vu medezineschem Ekipement erfuerdert, muss am Viraus vun der CNS, no engem positive Bericht vum Contrôle médical, accordéiert ginn
  • de Remboursement ass ausschliisslech op Leeschtungen/Produite limitéiert, déi an den nationalen Nomenklaturen a Lëschten opgezielt sinn. Medezinesches Traitementer a Leeschtungen, Zännbehandlungen,Verbrauchsmaterial, Produiten/Medikamenter, déi an Apdikte kaaft ginn an déi net an de Lëschten an nationalen Nomenklaturen abegraff sinn, kënnen net vun der Krankekeess gefuerdert ginn
  • wann d’Statuten, d’Lëschten an d’Nomenklatur vun der CNS virgesinn, datt en Traitement/Liwwerung eng Viraussetzung vum Contrôle médical, eng Geneemegung (Physiotherapie, Logopedie, Diätetik, asw.) oder eng Estimatioun vun de Käschten (Zännprothese, orthodontesche Traitement) erfuerdert; orthopedesch Material > 125 Euro asw.) néideg ass, muss dës Konditioun och erfëllt sinn, wann d’Traitement/Liwwerung am Ausland geliwwert/kaaft gëtt
  • fir all Leeschtungen/Liwwerungen, déi net vun den Doktere selwer gemaach ka ginn (z.B. medezinesch Tester, Medikamenter), ass ee separat Ordonnance néideg
  • Rees- an Openthaltskäschten ginn net vun der Krankekeess rembourséiertDe Remboursement erfollegt géint eng Virlag vun de quittéierten Originalrechnungen an am Kader vun den Tariffer, déi vun de Statute vun der CNS festgeluecht sinn

Diplomaten

Diplomaten/Agenten déi vum Staat/ëffentlecher Sécherheet detachéiert ginn

Dës Informatioune sinn ausschliisslech fir Diplomaten a Staatsbeamte geduecht, déi am Ausland stationéiert sinn, respektiv fir Staatsbeamten, déi an d‘Ausland geschéckt ginn.

D’Modalitéite vum Remboursement:

No den Accorden tëscht den zoustännege Ministèren an der Krankekeess fir Staatsbeamten an Employéeë vum ëffentlechen Déngscht, hu Beamten déi am Ausland stationéiert sinn d’Recht op zousätzlech Remboursementer. Dës Remboursementer gi vun der CMFEP fir Beamten op diplomatesche Missioune respektiv vum Ministère pour les agents de la Force publique geleescht.

Den detachéierte Beamte muss allkéiers beim Verschécke vu Rechnungen, déi an dem Land wou hien detachéiert ass ausgestallt goufen, eng detailléiert Opstellung vun de Käschte bäisetzen. LINK. Hei solle just Rechnunge vu Leeschtungen, déi an dësem Land entstane sinn, opgelëscht ginn.

Folgend Dokumenter musse bei der Demande fir e Remboursement bäigeluecht ginn:

  • eng Iwwersiicht vun de Leeschtungen
  • detailléiert a korrekt acquittéiert Originalrechnungen
  • eng Verschreiwung vun engem Dokter fir all Traitementer a Produiten/Liwwerungen, déi net vun den Doktere selwer geleescht goufen
  • een titre de prise en charge, ausgestallt vun der CNS fir Traitementer vun anere Gesondheetsspezialisten (Physiotherapeuten, Dieteticiene, Logopeden, asw.)
  •  ee vum Contrôle médical de la sécurité sociale accordéierten Devis fir Zahnprothesen, kieferorthopedesch Behandlungen, orthopedesch Hëllefsmëttel, déi ee Montant vun 125 Euro depasséieren, souwéi fir all aner Leeschtungen, fir déi een Devis néideg ass

Falls déi Rechnungen net op Däitsch, Franséisch oder Englesch ausgestallt goufen, biede mir Iech fir all Rechnung entweder am Detail z’erklären ëm wéi eng Leeschtungen et sech handelt oder eng Iwwersetzung bäizeleeën. Am Fall vun enger laanger an/oder deierer stationärer Behandlung am Spidol, froe mir Iech, e Rapport vum Dokter, deen Iech behandelt bäizeleeën, fir datt de Contrôle Medicale eng Analogie mat der lëtzebuergescher Nomenclature festleeë kann.

Den zousätzleche Remboursement gëtt no de maximalen Tariffer, déi am jeeweilegen Ofkommes festgeluecht si berechent. Fir Diplomate gëtt de Remboursement gläichzäiteg mam normale Remboursement vun der Krankekeess beaarbecht. Dëse gëtt op Ärem Detail de remboursement ënner dem Tarifcode “Diplomat“ opgelëscht. Fir Beamte vum ëffentlechen Déngscht gëtt den zousätzleche Remboursement vum zoustännege Ministère bezuelt. Dëse gëtt net um Detail de remboursement vun der Krankekeess opgelëscht.

Mir wëllen den de Concernéierte Versécherten drop opmierksam maachen, datt d’Beaarbechtung vun de Remboursementer, wéinst der Komplexitéit vun de vun der Tarifikatioun vun den auslännesche Rechnungen an der Berechnung vum zousätzleche Remboursement, ongeféier dräi Méint dauere kann.

Oft gestallte Froen (Ausland)