Glutefräi Produite

Formulaire produits sans gluten

Sprooch(en)
Franséisch
Säitenunzuel
1
Format vum Dokument
Pdf
File size
15 Kb

Bedingungen fir d'Erstattung vu glutenfräien Produkter

De Remboursement vum Forfait fir glutefräi Liewensmëttel (wéi am Dossier B5 vun der Annex A vun de Statute virgesinn) gëtt, op Basis vun engem Titre de prise en charge vun der CNS, ausbezuelt, nodeems de Contrôle médical duerch eng Presentatioun vun enger detailléierten Ordonnance vum betreffenden Dokter, eng Autorisatioun erausginn huet.

D’Demande fir eng Autorisatioun ka vum betreffenden Dokter oder vum Versécherte selwer u follgend Adress gestallt ginn:

CAISSE NATIONALE DE SANTE

Service autorisations médicaments et dispositifs médicaux

L-2980 LUXEMBOURG

 

Soubal den Titre de prise en charge accordéiert ass, huet de Versécherten d’Recht op e Remboursement vu glutefräie Liewensmëttel, vu maximal 276,75€ fir een halleft Joer, baséiert op detailléierte Rechnungen. Et ass recommandéiert Rechnungen ze presentéieren, déi nëmme glutefräi Produiten enthalen.

Fir e Remboursement ze garantéieren, musst Dir déi exakt Aart vu Liewensmëttel an de Markennumm uginn. Produite, déi net op de Rechnungen dropstinn, ginn net berécksiichtegt. Fir de Prozess vum Remboursement ze beschleunegen, stellen e puer Geschäfter separat Rechnunge fir glutefräi Liewensmëttel aus.

Wichteg: D’Rechnunge mussen datéiert a bezuelt sinn.

Aktualiséiert den