Certificat de coassurance

De Certificat de coassurance kann iwwer d’Plattform MyGuichet ugefrot ginn.

Certificat de coassurance
  • E Certificat de coassurance fir Awunner gëtt ëmmer vun der zoustänneger lëtzebuergescher Krankekeess (CNS, CMFEP, CMFEC, EMCL) ausgestallt
  • E Certificat de coassurance fir Net-Residentë gëtt normalerweis vun der zoustänneger Krankekeess am Residenzland ausgestallt

Wann de Partner, dee matverséchert soll ginn, an engem anere Land wéi Lëtzebuerg verséchert war, muss dësen der CMFEP e Certificat d’affiliation (S041 Formulaire), ausgestallt vun der leschter Krankekeess, bei där hie verséchert war. Wann déi lescht Krankekees esou ee Certificat net ausstelle kann, well de Partner ausserhalb vun Europa gelieft huet, muss hien eng ënnerschriwwen Attestation sur l’honneur bei der CMFEP erareechen.

An dëser Attestatioun muss de Partner schwieren, datt hie keng Krankeversécherung an engem anere Land huet a verflicht sech, nom erareechen, all Changement vu senger Situatioun bei der CMFEP ze mellen