Bestellung vun enger Europäescher Sozialversécherungskaart oder vun engem provisoreschem Certificat

Éischt- oder schonn ofgelafe Kaart

Wann Är aktuell Kaart net méi valabel ass oder wann Dir nach keng Kaart hutt, kënnt Dir dës um Internetsite vum Centre commun de la sécurité social bestellen.

D’Kaart ass nach valabel, mee leeft awer gläich of

Wann Är aktuell Kaart nach valabel ass, awer deemnächst ofleeft, kënnt Dir eng nei Kaart bestellen andeems Dir eng E-Mail op cmfep@secu.lu schéckt.

Provisoreschen Ersatzzertifikat

Am Noutfall kann d’CMFEP een Ersatzzertifikat ausstellen, dee fir dräi Méint valabel ass. Dëst kann iwwer MyGuichet ugefrot ginn.

Bei enger Demande am MyGuichet mat Authentifikatioun a mat der aktivéierter eDelivery Funktioun, gëtt de provisoreschen Ersatzzertifikat fir d'Europäesch Sozialversécherungskaart direkt an Ärem private séchere Beräich op MyGuichet deposéiert.

Bei enger Demande am MyGuichet ouni Authentifikatioun an ouni aktivéierter eDelivery Funktioun, gëtt de provisoreschen Ersatzzertifikat per Post geschéckt. Fir datt dëse bei Iech ukënnt, muss Är Adress aktuell sinn.