Ännerung vun Adress a Familljesituatioun

Lëtzebuerger Awunner

D’Lëtzebuerger Awunner mussen der CMFEP hir Adress- oder Familljesituatioun net matdeelen. D'Lëtzebuerger Residenzgemeng gëtt d'Ännerungen direkt un de “Registre national des personnes naturelle (Registre national des personnes physiques - RNPP)" weider.

Net-Awunner

Ännerung vun der Adress

En neie Webservice op MyGuichet.lu "Demande de mise à jour de l'adresse de résidence ou de la situation familiale" erlaabt Net-Residenten hier Adressännerung an den "Registre national des personnes physiques (RNPP) " vum Lëtzebuerger Staat ze mellen. D’Meldung vun enger Adressännerung am RNPP kann elo online, 24/7 iwwer MyGuichet.lu gemaach ginn, ouni datt e LuxTrust-Produkt gebrauch gëtt. Fir all aner Ännerunge bleift e LuxTrust Produkt essentiel.

Ännerung an der Familljesituatioun

En neie Webservice op MyGuichet.lu "Demande de mise à jour de l'adresse de résidence ou de la situation familiale" erlaabt Net-Residenten eng Ännerung vun der Familljesituatioun (Bestietnis, Scheedung, Gebuert, Doud) am "Registre national des personnes physiques (RNPP)" vum Lëtzebuerger Staat unzefroen. Eng Demande fir eng Ännerung vun der Familljesituatioun am RNPP kann elo online, 24/7 iwwer MyGuichet.lu, ouni datt ee LuxTrust-Produkt gebraucht gëtt, geschéckt ginn. Fir all aner Ännerunge bleift e LuxTrust Produkt essentiell. Eng Demande fir eng Ännerung vun der Familljesituatioun (Bestietnis, Scheedung, Gebuert, Doud) kann eis och schrëftlech geschéckt ginn, also per Post oder E-Mail op cmfep@secu.lu. Bei enger Demande fir eng Ännerung vun der Familljesituatioun muss e Bestietnesschäin, e Scheedungszertifika, e Doudeszertifika, oder e Gebuertsschäin bäigefüügt ginn...